Aarbechten 2023-2024
Rumm fir den neie Plan d‘études
Iwwer d’Schouljoer 2023-2024 ass de Kader („Rumm“) vum neie Plan d’études entstanen, deen déi zesummeféierend Zilsetzunge vum Enseignement fondamental erkläert an duerstellt, wéi d’Léierinhalter aus de verschiddenen Entwécklungs- a Léierberäicher zesummen dozou bäidroen, dass d’Kand sech ganzheetlech entwéckelt a Schlësselkompetenzen op- an ausbaut. Nodeems dat éischt Gerüst vun der Rumm stoung, sinn iwwert ee cibléierte Consultatiounsprozess Avisen ageholl ginn, fir dëst Gerüst fir den Hierscht 2024 nach eng Kéier z‘iwwerschaffen. Dës ausgeschafften Rumm viséiert d’Zilgrupp "Enseignants" rsp. “Bildungsberäich”. Zu engem spéidere Moment wäerten och Versioune spezifesch fir d’Elteren an d’Kanner entstoen.
Inhaltlech Aarbecht fir den neie Plan d‘études
Vu Januar bis Abrëll 2024 ass de Rekrutement fir déi fënnef Groupes de travail gelaf, déi am Schouljoer 2024-2025 ulafen:
- Sproochen (Alphabetiséierung, FR, DE, LU)
- Mathematik
- Geeschtes-, Sozial- a Naturwëssenschaften
- Beweegung a Gesondheet
- Konscht a Kultur
Schonn am 3. Trimester 2023-2024 hunn eng Partie Rencontren mat de Memberen vun de Groupes de travail stattfonnt, fir sech gemeinsam op d’Aarbechten fir den neien Plan d’études anzestëmmen.
Digital Plattform fir den neie Plan d‘études
Am Schouljoer 2023-2024 ass et dorëms gaangen, wichteg Funktionalitéiten an Inhalter vun der Digitaler Plattform op Basis vu Workshops an Tiefeninterviews (“Walkthroughs”) mam Bildungsberäich erauszekristalliséieren an ee Partner fir d’Entwécklung ze fannen.