Aktuelle Stand vum Projet
D’ Presentatioun vum neie Léierplang fir den Enseignement Fondamental stoung de 24. Februar 2026 um Ordre du Jour vun enger Reunioun, wou de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT der Commission de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse vun der Chambre des Députés dëse virgestallt hunn.
D’ Kommissiounsmemberen hunn d’ Aféierung vum transversale Léiere begréisst. Den neie Plan d’études géif sech gutt un déi nei gesellschaftlech Realitéiten adaptéieren, dësen Effort, souwéi dee vun de Bedeelegten um Léierplang, gouf appreciéiert.
Den neie Plan d’études, deen de 6. Februar am Kader vun enger Pressekonferenz presentéiert gouf, soll fir d’Rentrée 2026/2027 am Cycle 1 an 2 an am Schouljoer drop och am Cycle 3 a 4 a Kraaft trieden. Den Optrag : D’ Kanner virbereeden op d' 21. Joerhonnert. Esou, wéi am Koalitiounsaccord 2023 – 2028 festgehalen, orientéiert sech den neie Léierplang u follgende Pilieren:
- Wuelbefannen ;
- Participatioun ;
- Méisproochegkeet ;
- Digitalitéit.
“Et ass keng Revolutioun, déi mer hei maache, mee eng Evolutioun vun engem Plan d’études op den nächsten”, sou de Luc Weis am Kader vu senger Presentatioun virun der Kommissioun. Beim neie Léierplang handelt et sech deemno em en Aarbechtsinstrument, wat méi no um prakteschen Alldag vun den Enseignanten soll sinn. D’ Léierziler si méi kloer definéiert, an der Mathematik gëtt ee neien Sous-Domaine (Données fréquences et possibilités) agefouert an och d’ Alpha-Reform ass beim Ausschaffe vum neie Plang berücksichtegt ginn.
Ganz nei ass d’ Stäerke vum transversale Léieren. An de Cyclen 2 – 4 sollen Theemen, déi zum Deel schonn am Unterrecht behandelt ginn, an de schonn bestoenden Domänen am Kader vun Aktivitéiten duerchgefouert ginn. Deemno si mindestens 36 Unterrechtsstonne pro Schouljoer fir d’fächeriwwergräifend Traitéiere vun de follgende Sujete virgesinn:
- Kierperlech, mental a sozio-emotional Gesondheet ;
- Sexuell an affektiv Erzéiung ;
- Nohalteg Entwécklung, Ëmwelt a verantwortleche Konsum ;
- Medien, Digitales a Kënschtlech Intelligenz ;
- Wirtschaft, Finanzen a Liewensentscheedungen ;
- Kultur, Konscht a Patrimoine ;
- Demokratesch Citoyennetéit a Mënscherechter.
Eng weider Neierung ab der Rentrée 2026/2027: plandetudes.lu, eng Digital Plattform. Dës soll virun allem als Hëllefsmëttel fir d'Enseignanten déngen. Unhand vun Illustratiounen, Beispiller vun Aufgabe souwéi Zougang zu didaktesche Ressourcë soll d’ Ëmsetzung vum neie Léierplang vereinfacht ginn. Am Summer 2026 wäert d’Léierpersonal schonn Zougang op dësen “Outil opérationnel” kréien, fir sech op d’Rentrée kënnen ze preparéieren.
Fir all Entwécklungs- a Léierberäich - déi erhale bleiwen - si Kompetenzsockele festgeluecht ginn, déi d’Schüler um Enn vun all Léierzyklus erreecht sollen hunn. Och d’ Evaluatiounsprinzippien an d’ Stonnepläng bleiwen sou, wéi se am Plan d’études 2011 festgehale goufen.
Dës Entscheedunge baséieren op de Resultater vun engem breetgefächerte Consultatiounsprozess, deen tëscht 2021 an 2025 mat 1.200 verschiddenen Acteuren aus dem Educatiouns– an Zivilberäich duerchgefouert gouf. 2023 gouf de Whitepaper – disponibel op Lëtzebuergesch a Franséisch - verëffentlecht.
A well nom Fondamental de Secondaire waart, an dës openeen ofgestëmmt solle sinn, ass am Januar 2026 e Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Programmer am Enseignement secondaire lancéiert ginn.
Dir sidd virwëtzeg ginn a wëllt méi Informatiounen?
Vu Februar bis Juni 2026 gi 16 Informatiounsveranstaltunge fir d’ Acteuren um Terrain ofgehalen, déi vun der Direction générale de l’enseignement fondamental an Zesummenaarbecht mam SCRIPT organiséiert ginn. Am Kader vun dësen Informatiounsronnen ginn engersäits d’ Leitlinnen an déi strukturell Prinzippie vum neie Plan d’études presentéiert, anerersäits sollen d’Participanten och de Raum kréie, fir Froen ze stellen a sech auszetauschen. Schreift Iech a fir un enger Informatiounsversammlung deelzehuelen.
Weider Informatioune fannt Dir op www.plandetudes.lu a script.lu souwéi op de Social Media-Plattforme vum Educatiounsministère a vum SCRIPT.
Fir ëmmer um leschte Stand ze sinn, abonnéiert Iech hei op d’Newsletter.


Enseignement fondamental