Enseignement fondamental

D’Conclusioune

''

WHITEPAPER OP LËTZEBUERGESCH 

WHITEPAPER OP FRANSÉISCH 

Dräi grouss Etappen am Projet Plan d’études konnte fir d’Rentrée 2023/2024 ofgeschloss ginn: 

  1. De Consultatiounsprozess mam Terrain 
  2. D’Analys vun alle gesammelten Informatiounen 
  3. D’Synthees dorauser, déi an e Wäissbuch (Whitepaper) gefloss ass, dat d’Schwéierpunkte presentéiert, déi den neie Plan d’études fir d’Schouljoer 2026/2027 wäert setzen. 

Am Wäissbuch (Whitepaper) mam Titel “Een neie Plan d’études fir den Enseignement fondamental” ginn déi grouss Linne virgestallt, déi fir den neie Plan d’études richtungsweisend sinn.

Dozou gehéiert, dass de Plan d’études duerch e Kader („Rumm“) wäert ergänzt ginn. Dës Rumm vum neie Plan d’études enthält d‘Visioun vum ganzheetlechen Léieren am Enseignement fondamental, d‘Educatioun vum Weltbierger, déi an der Grondschoul hiren Ufank hëllt, fënnef Schlësselkompetenzen, op déi d’Léieren an der formaler Bildung ausgeriicht ass (Multiliteracy-Kompetenz, Selbstkompetenz, Sozialkompetenz, Reflexiounskompetenz an Transformatiounskompetenz) an véier Pilieren (Wuelbefannen, Participatioun, Méisproochegkeet an Digitalitéit). All déi genannten Elementer wäerten sech duerch de ganze Plan d’études zéien. 

Am Whitepaper gëtt doriwwer eraus erkläert, dass den neie Plan d’études fir d’Rentrée 2026/2027 wäert implementéiert an eng digital Plattform säin Dréi- an Aangelpunkt wäert ginn. 

Mir freeën eis, Iech dëse Whitepaper kënnen ze presentéieren. Dir fannt en hei als op Lëtzebuergesch an op Franséisch.

Zousätzlech kënnt Dir nodréiglech d’Presentatioun vum Whitepaper ukucken, déi den 3. Oktober 2023 am Forum Geesseknäppchen war.