Enseignement secondaire''

TRANSVERSALITÉIT

Image

INVITATIOUN OP DEN ZWEETE COLAB 

D’Divisioun fir d'Entwécklung vum Curriculum vum SCRIPT invitéiert Iech häerzlech op den zweete Collaborative Lab (CoLab) den 28. Abrëll - dëst am Kader vum Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire, deen de Koalitiounsaccord 2023-2028 virgesäit. 

D‘Theema an de Public Cible vum Workshop

De Fokus vun den Diskussiounen dréint ëm d'transverssalt Léieren.

Public cible: Edukatiivt, psychosoziaalt, an administratiivt Personal aus dem Beräich vum Enseignement secondaire (ESC, ESG), de Centres de compétences an dem Enseignement fondamental 

Den Oflaf vum Workshop

 Wat Iech genee erwaart?

  • Impulsvirträg zu konkrete Beispiller, wéi transversaalt Léieren am Kader vu verschiddenen Disziplinnen, Projeten a Systemer ëmgesat ka ginn,
  • Een interaktive Gallery Walk, bei deem Dir méi Detailer iwwer d’Projeten aus de Virträg gewuer gitt an Är Froe stelle kënnt,
  • Ee Workshop, deen Iech ënner anerem dozou invitéiert, ze iwwerleeën, wat Dir aus de verschiddene Beispiller fir Är eege Praxis iwwerhuele kéint. 

 

Schreift Iech fir den zweete CoLab iwwer den IFEN an!

 

Méi Informatiounen

Fir méi iwwer de Moderniséierungsprozess am Enseignement secondaire an iwwer déi nächst CoLabs ze gewuer ze ginn, kënnt Dir Iech gären op curriculum.lu informéieren.

Falls Dir Froen hutt, kënnt Dir Iech gären iwwer curriculum@script.lu un d’Ekipp vun der Divisioun fir d’Entwécklung vum Curriculum riichten.