Enseignement secondaire''

NATIONAL KOMMISSIOUNE VUM ENSEIGNEMENT SECONDAIRE

''

Missioun 

D’ National Kommissioune vum Enseignement secondaire (CNES) goufen 1960 agefouert a si fir déi verschidde Fächer/Sektiounen am Secondaire général (ESG) an am Secondaire classique (ESC) zoustänneg. D’CNES bestinn aus Enseignanten an hunn d’ Missioun, de Minister an alle Froen ze beroden, déi den Unterrecht vun de Fächer betreffen an déi Klassen, déi – no Entscheedung vum Minister – ënner hir Kompetenz falen (Gesetz vum 13. Mäerz 2018).

Aktuell ginn et 53 Kommissiounen, dovu representéieren 36 eng eegen Disziplin an 17 representéieren verschidden Disziplinnen aus enger Sektioun oder eng Beruffsausbildung.


CNES & Curriculum 

D’ Divisioun fir d'Entwécklung vum Curriculum ënnerstëtzt d’CNES bei hiren Aarbechten a Reflexiounen zu den Ziler an de Léierprogrammer. Sou kënnen déi fachspezifesch an transversal Kompetenzen, d’Unterrechtsmethoden, d’Moossname fir Differenzéierung an d’Schülerënnerstëtzung oder och d’Prinzippien an d’Modalitéite vun der Schülerbewäertung analyséiert a reevaluéiert ginn.

D’Ufroe fir Projeten, an deenen esou Aarbechte geleescht ginn, kënnen entweder vun de CNES selwer, vum Minister oder vun enger Schoul agereecht ginn. Wann d’ Initiativ vun enger CNES ausgeet, leeft de Prozess am Allgemengen esou of: 
 

Déi verschidde Schrëtt vun enger Programmrevisioun

 

  • Etapp 1

    • Kontaktopnam mat der Divisioun fir d’Entwécklung vum Curriculum 
  • Etapp 2

    • Evaluatioun vun der Projetsdemande duerch d’Divisioun fir d’Entwécklung vum Curriculum 
  • Etapp 3

    • Aschécke vun der Projetsdemande iwwer de Guichet vun der Divisioun fir d’Entwécklung vum Curriculum 
  • Etapp 4

  • Etapp 5

    • Ariichte vun enger Aarbechtsgrupp, déi fir d’Iwwerpréiwung vun engem Programm zoustänneg ass 
  • Etapp 6

    • Revisioun vum Programm duerch d’Aarbechtsgrupp (GT) an enkster Zesummenaarbecht mat der CNES an dem SCRIPT
  • Etapp 7

    • Envoi du programme finalisé au ministère et publication sur eSchoolbooks